Spendekëschten asammele fir Kriibskrank Kanner | Récupération des tirelires pour les enfants atteints d’un cancer
Fondatioun Kriibskrank Kanner
Description de l'événement
Zënter 35 Joer ënnerstëtzt d'Fondatioun Kriibskrank Kanner Kriibskrank Kanner a Jugendlecher an hir Famillen am Alldag. Dobäi huet d’Fondatioun dräi Missiounen: direkt Ënnerstëtzung fir betraff Famillen, Sensibiliséierung iwwer Kriibs bei Kanner an d’Ënnerstëtzung vun der Kannerkriibsfuerschung. Detailer iwwer d’Aarbecht vun der Fondatioun fannt dir op www.fondatioun.lu.
D’Aarbecht vun der Fondatioun finanzéiert sech bal gänzlech iwwer Doen, sief et iwwer Zeitungsannoncen, Veräiner, Entreprisen oder eben eise Spendekëschten.
Eis Spendenkëschten stoen am ganze Land verstreet, am Süden, Osten, Norden, Westen an natierlech och am Zentrum. Verschiddenst Commerçanten, vum Blummebuttek, iwwer d’Apdikt bis hin zu Tankstellen, stellen d’Spendendousen nieft hir Kees a Sammele fir eis Spende bei hire Clienten.
Dës Spendendousen musse reegelméisseg ausgetosch ginn an do kenns DU, als potentiellen neie Benevole, an d’Spill.
---------------------------------------------------------------------------------------------------
Depuis plus de 35 ans, la Fondatioun Kriibskrank Kanner accompagne au quotidien les enfants et adolescents atteints d’un cancer et leur famille. Ceci se traduit par trois missions essentielles : l’aide directe aux familles concernées, la sensibilisation au cancer de l’enfant et l’aide à la recherche oncopédiatrique. Les détails sur le travail de la fondation peuvent être consultés sur www.fondatioun.lu.
Le travail de la fondation est financé presque entièrement par des dons, que ce soit par le biais d'annonces dans les journaux, de clubs, d'entreprises ou de nos tirelires (boîtes à dons).
Nos tirelires sont dispersées dans tout le pays, au sud, à l'est, au nord, à l'ouest et bien sûr au centre. Différents commerçants, des fleuristes aux pharmacies en passant par les stations-service, placent nos tirelires à côté de leurs caisses et collectent les dons de leurs clients.
Ces tirelires doivent être remplacées régulièrement, et c'est là que VOUS, en tant que nouveau bénévole potentiel, entrez en jeu.
Description des bénévoles recherchés
Mir sichen eng vertrauenswierdeg Persoun, mat Disponibilitéiten während den Ouvertureszäiten vun de Butteker op Wochendeeg. Déi Persoun wier fir den Austausch vun eisen Spendekëschten a verschiddene Geschäfter verantwortlech
Oflaaf vun Ärer Missioun:
- Dir kritt en Uruff vun engem Mataarbechter vun der Fondatioun mat der d'Fro ob Loscht hätt eng Austausch-Missioun ze iwwerhuelen. Och de Trajet vum Tour gëtt Iech schonn erkläert.
- Dir kommt um ausgemaachten Datum an d'Fondatioun,168 rue de Romains, an huelt eidel Spendekëschten an Äre geplangte Trajet of.
- Dir fuert an de betraffene Buttek, stellt Iech als Benevole vun der Fondatioun vir an tauscht déi voll Spendekëschte géint eideler aus. D'Geschäfter wëssen am Viraus datt Dir kommt.
- Dir widderhellt dëst an all Geschäft op Ärem Trajet.
- Dir bréngt d'Spendekëschten zréck an d'Fondatioun zu Stroossen.
Regularitéit: onregelméisseg, 2 bis 3 Mol am Mount
Ufuerderunge: Führerschäin an Auto
Dauer vum Asaz: tëscht enger Stonn an engem hallwe Dag pro Asaz
Reeskäschte kënnen rembourséiert ginn.
----------------------------------------------------------------------------------------------------
Nous recherchons une personne de confiance, avec des disponibilités pendant les heures d'ouverture des magasins les jours ouvrables. Cette personne serait chargée d'échanger nos tirelires dans différents magasins.
Les étapes de votre mission :
- Vous recevez un appel d'un employé de la Fondation vous demandant si vous êtes volontaire pour une mission d'échange. L'itinéraire vous est alors expliqué.
- Vous vous rendez à la date convenue à la Fondation, au 168 rue de Romains, et récupérez les tirelires vides ainsi que votre itinéraire prévu.
- Vous vous rendez dans le magasin concerné, vous vous présentez comme bénévole de la Fondation et échangez les tirelires pleines contre des boîtes vides. Les magasins sont informés à l'avance de votre venue.
- Vous répétez cette opération pour chaque magasin de votre itinéraire.
- Vous rapportez ensuite les tirelires à la Fondation à Strassen.
Régularité : irrégulière, 2 à 3 fois par mois
Conditions : Permis de conduire et voiture
Durée de l'intervention : entre une heure et une demi-journée par intervention
Les frais de déplacement peuvent être remboursés.